Association sans but lucratif
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen! |
Eng Association sans but lucratif (ofgekierzt ASBL)[1] ass eng Vereenegung vu Leit, déi sech fir en Zweck zesumme fannen, deen alles ka sinn ausser industriell oder kommerziell Operatiounen oder senge Memberen e Benefice ze verschafen. Anescht wéi ee vum Numm hir menge kéint, kann eng ASBL also Benefice maachen, mä se däerf en entweeder net u seng Membere weiderginn, oder de Benefice däerf net aus industriellen oder kommerziellen Operatioune stamen, mä just z. B. aus Synergien déi sech erginn hunn (d. h. e Benefice dee weidergi gëtt ka just eng Erspuernes sinn).
Fir datt e Veräin eng ASBL ka sinn, muss en d'Reegele vum ëmgeännerte Gesetz vum 21. Abrëll 1928 iwwer d'Associatiounen an d'Fondatiounen ouni Gewënnzweck respektéieren.
No deem Gesetz (an der Versioun vun 2008) kritt eng ASBL d'juristesch Personalitéit soubal se hir Statuten am Mémorial C verëffentlecht, an déi Statuten déi follgend Mentiounen Opweises hunn:
1° den Numm vun der Vereenegung an d'Gemeng vun hirem Sëtz (deen am Groussherzogtum si muss);
2° den Zweck firwat se gegrënnt gouf;
3° d'Mindestzuel vu Memberen (dem Gesetz no op d'mannst dräi);
4° d'Nimm, Virnimm, Beruffer, Wunnsëtzer an Nationalitéite vun de (Grënnungs-)Memberen;
5° d'Conditiounen ënner deenen ee Member ka ginn an dës Qualitéit nees verléiere kann;
6° d'Attributioune vun der Haaptversammlung, d'Aart a Weis wéi se aberuff gëtt an d'Conditiounen ënner deenen hir Beschlëss un hir Memberen an un Drëtter erugedroe ginn;
7° d'Aart a Weis wéi d'Administrateuren (d'Komiteesmemberen) ernannt ginn a wéi eng Pouvoire se hunn;
8° d'maximal Héicht vun der Cotisatioun oder dem Versement deen d'Membere leeschte mussen;
9° d'Geschäftsjoer an d'Aart a Weis wéi de Kontenofschloss ugeholl gëtt;
10° d'Reegele fir d'Statuten z'änneren;
11° de Gebrauch vum Veräinsverméigen, am Fall wou d'Vereenegung opgeléist géif.
D'Statute vun enger ASBL mussen op Lëtzebuergesch, Däitsch oder Franséisch sinn, a privatschrëftlech oder mat engem Notairesakt festgeluecht ginn. Spéitstens ee Mount duerno musse se beim Handelsregëster deposéiert ginn, zesumme mat der geneeër Adress vum Vereenegungssëtz an der Lëscht vun den Nimm, Virnimm, Beruffer a Wunnsëtzer vun de Kommiteesmemberen.
All Ännerung vun der Adress vum Vereenegungssëtz an der Lëscht vun de Kommiteesmembere muss dem Handelsregëster matgedeelt ginn. Den Handelsregëster muss och d'Ännerunge vun der Lëscht vun de Membere vun der Vereenegung matgedeelt kréien, dat all Joers ee Mount nom Enn vum Geschäftsjoer ausser d'Statute géifen eppes Aneschtes soen.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Guide de rédaction. Edition 2012. MENFP : SIP, Luxembourg : S. 226.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Associations sans but lucratif – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Gesetz vum 21. Abrëll 1928 iwwer d'Associatiounen an d'Fondatiounen ouni Gewënnzweck an der Sammlung vun de Spezialgesetzer